Kultur

Kultur

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
00:00
00:00

Резюме на епизода

De Geriichtsdrama ass eng fiktionaliséiert Duerstellung vum Prozess vu Bobigny vun 1972, deen a Frankräich zur Entkriminaliséierung vum Avortement gefouert huet. Gläichzäiteg gëtt de Portrait vun der deemools nach wéineg bekannter Affekotin a militant Feministin Gisèle Halimi gezeechent. Eng Kritik vum Michel Delage.

Епизоди

5941-

Filmkritik: "L'Affaire Marie-Claire"

De Geriichtsdrama ass eng fiktionaliséiert Duerstellung vum Prozess vu Bobigny vun 1972, deen a Frankräich zur Entkriminaliséierung vum Avortement gefouert huet. Gläichzäiteg gëtt de Portrait vun der deemools nach wéineg bekannter Affekotin a militant Feministin Gisèle Halimi gezeechent. Eng Kritik vum Michel Delage.

06 ное. 2026
5940-

Wéi Konscht a Wëssenschaft sech a Saache Geometrie ergänzen

Wat soe Formen, wéi Dräiecker-Quadrater-Linnen, iwwert d’Welt ronderëm eis aus? Mat dëse Froe beschäftege sech fir gewéinlech Wëssenschaftler, wéi Mathematiker oder Physiker. Ma eng ganz Partie Kënschtler hunn dozou kënschtleresch Aussoen ze maachen. D’Expo “Shapes - beyond Geometry” am Cercle Cité presentéiert Konschtwierker zu dësem Sujet. Virun zwou Wochen hate mir mat der Curatrice Anna Loporcaro iwwert d’Hannergrënn vun der Ausstellung geschwat, d’Gespréich fannt dir op eisem Site, mee d’Kerstin Thalau wollt awer och nach e puer Kënschtler:innen ze Wuert komme loossen, a stellt iech haut de gebiertege Paräisser Adrien Lucca vir, dee viru gutt 20 Joer fir Konschtstudien op Bréissel geplënnert an do bliwwen ass.

06 ное. 2026
5939-

Angine de Poitrine zu London: Concertskritik

Op de soziale Medien waren se ugangs des Joers iwwerall: di zwee Ausserierdescher, déi vun ënnen bis uewen a schwäerz a wäiss Punkten bedeckt sinn an komplizéierte Rock spillen. Riets geet vun Angine de Poitrine, den Duo aus dem Québec deen mat senge witzege Kostümer an ongewéinlechen Rhythmen viral gaangen ass. Mee wéi kléngt Angine de Poitrine live? Ass den Hype gerechtfäerdegt? D‘Claire Barthelemy war fir eis hire Concert zu London.

06 ное. 2026
5938-

Batman: Caped Crusader

Eng Serie déi nach e relativ jonke Batman weist, deen sech nees op d’Juegd duerch Gotham City mécht, fir déi Béis zur Streck ze bréngen. Eng Serie, déi ganz vill Léift fir déi eegen Haaptfigur huet.

05 ное. 2026
5937-

Filmkritik: "Godzilla Minus Zero"

An dëser Suite vum rezente "Godzilla Minus One" ass d'Populatioun am Nookrichs-Japan net méi nëmme mam Monster Godzilla geplot - elo muss si sech och nach mat der net manner geféierlecher Kreatur Ghidorah erëmklappen. De Michel Delage huet de japanesche Monsterfilm gesinn.

05 ное. 2026